Den Atacama Cosmology Telescope ACT ass e Radioteleskop fir d'Ënnersich vum kosmesche Mikrowellenhannergrond (CMB).
Den ACT ass e 6-m-Teleskop[1] an enger Héicht vu 5.148 m am Cerro Toco an der Atacama-Wüst an Nordchile. Teleskop an Instrumenter sinn ausgeluecht fir Ënnersich vun den Onreegelméissegkeete vum kosmesche Mikrowellenhannergrond a fir d'Entdeckung vu Galaxiëkéip duerch hir vum Sunjajew-Seldowitsch-Effet erreechte lokal Verännerung vum Mikrowellenhannergrond. Zesumme mat spéideren Observatioune kéint d'Entdeckung vu ville Galaxiëkéip derzou beidroen d'Strukturentwécklung am Universum an déi vun der Donkeler Energie ze verstoen.
Am Joer 2007 goung alles a Betrib. D'Haaptinstrument ass eng Bolometerkamera (Millimeter Bolometer Array Camera, MBAC) mat neiaartege supraleedende Transition Edge Sensore fir dräi Frequenze tëscht 145 GHz an 280 GHz. ACT gëtt zesumme vu 17 Institutiounen aus den USA (ënner anerem vun der Princeton Universitéit), Kanada, Mexiko, Chile, Südafrika a Groussbritannie gebaut a bedriwwen an haaptsächlech vun der National Science Foundation finanzéiert. Gebaut gouf d'Teleskop vun Dynamic Structures vu Vancouver.
Den CMB gëtt mat enger Opléisung vu milliounstel Grad vermiess an enger Wénkelopléisung am Bouminutte Beräich.
Éischt Resultater goufen 2010 publizéiert[2] an et goufe Gravitatiounslënseneffeten observéiert[3] an éischt Hiweiser op Donkel Matière eleng aus dem CMB[4]
Änlech Ziler verfollegt och den South Pole Telescope, dat am Joer 2007 säin first light gesinn hat.
© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search